Chapitre XII. - Dispositions transitoires Art. 132.

Les dispositions de l’article 56 sont pour la première fois applicables à la descendance de Son Altesse Royale Henri, Grand-Duc de Luxembourg, Duc de Nassau. » Un comité d’initiative composé de : Monsieur Patrick MISCHEL, 44 ans, 48, Op der Schanz à L-6225 Altrier ;

Monsieur John Carlo BAUSCH, 54 ans, 24, An Aasselbaach à L-9776 Wilwerwiltz ;

Madame Nora Liliane PLEIMLING, 37 ans, 11A, Moellerdallerstrooss à L-7640 Christnach ;

Madame Elise Josée BERG, 43 ans, 39, rue du Château à L-6961 Senningen ;

Madame Marie-Jeanne ARENDT, 54 ans, 24, An Aasselbaach à L-9776 Wilwerwiltz ; a présenté une demande, datée au 26 juillet 2022 et reçue le 27 juillet 2022, au Premier Ministre, Ministre d’État, visant l’organisation, sur base de l’article 114 de la Constitution, d’un référendum sur la proposition de révision des chapitres IV et Vbis de la Constitution. Le 29 juillet 2022, le Premier Ministre, Ministre d’État, a constaté la recevabilité de cette demande. Les électeurs inscrits sur les listes électorales pour les élections législatives conformément aux dispositions de la loi électorale du 18 février 2003, telle qu’elle a été modifiée, qui souhaitent soutenir la demande visant l’organisation d’un référendum sur la proposition de révision des chapitres IV et Vbis de la Constitution, adoptée le 13 juillet 2022 par la Chambre des Députés en première lecture, doivent se rendre en personne auprès de la commune de leur domicile électoral respectif et s’y inscrire sur les listes d’inscription tenues à cette fin par les communes du 20 août au 13 septembre 2022 inclus.


Photo pris le 3.05.2022
Photo pris le 3.05.2022
Mir brauchen är Hëllef.
Kuckt an ärem Duerf op d'Gemeng eppes am Reider ausgehaangen huet esou wéi et am Referendumsgesetz virgesinn ass: 
Art. 8. En vue d’organiser et d’assurer le bon déroulement de la collecte des signatures, chaque commune doit, en faisant dûment référence à la publication officielle de la décision du Premier Ministre, Ministre d’Etat, informer par toute voie appropriée, mais en tout cas par voie d’affichage, les électeurs domiciliés dans ladite commune, qu’ils peuvent, endéans la période de collecte prévue, consulter le texte de la révision constitutionnelle et soutenir la demande d’organisation d’un référendum en apposant leur signature manuscrite sur la liste d’inscription tenue à cette fin.
Wann naicht do hänkt, oder wéi hei op de Fotoen vun der Gemeng Bech, dann informéiert eis wegl (mat enger Foto) Entweder eng Email op referendum.luxembourg@gmail.com oder iwert Messenger Patrick Mischel.
D'Gemeng Bech zB. informéiert zB hir Läit an den Dierfer Grolënster an Kräizenhéicht net iwwert d'Méiglechkeet ënnerschreiwen ze goen, et hänkt nach ëmmer d'Informatioun iwwert den 2.Deel dran wat d'Läit erëm eng Kéier duercherneen mécht.
Et däerf net sin datt d'Bierger net informéiert gin esou ewéi et virgesin ass. Déi Responsabel sollen hir Verantwortung huelen an hir Biirger, dei si jo gewielt hun an déi hinnen vertrauen, iwert des wichteg Méiglechkeet richteg imforméieren. An daat soll an all Gemeng esou sin, egal wéi eng Parteikaart déi jeweileg Buergemeeschteren an Scheffen an der Täsch hun.
Dir kennt nach bis den 7.Mee ënnerschreiwen goen, notz des Geleegenheet.

 Am Virfeld soen mir iech Merci fir äer Mathellef


Hei dann d'Reportage iwwert de Referendum op ADR Tëlee vum 29.04.2022. E groussen Merci un den Dan Hardy an d'ADR dass se ons fir dësen Interview invitéiert hunn. Et ass et esou datt d'Journalisten sech net dofir interesséieren, leider naicht hannerfroen, emol net dann wann Expert'en soen an erklären wisou et misst zu engem Referendum kommen. 7

 

Wisou mengt dir datt d'Chamber d'Vollek net  wierklech informéiert huet iwwert d'Verfassungsännerung? Ufanks Oktober 2021 war ENG Infoversammlung am Tramsschapp, eng Versammlung fir ganz Lëtzebuerg, eng Versammlung déi ganz kuerzfristeg public gemaach gin ass. Fannt dir dat net komesch? ENG Infobroschür vun der Chamber huet laang ob sech waarden gelooss, mee ass et wierklech eng Infobroschür? Gesitt dir dat als Infobroschür wann keen eenzegen Verglach mat der aktueller Verfassung gemaach gëtt an nëmmen alles schei geschwat gëtt? Mat Hallefwoueregten get probéiert d'Vollek ze iwerzeechen, wéi eng gutt Aarbecht an de leschten Joren gemaach gin ass. 

 

Wësst dir wisou datt d'Chamber de Wee vun Deelreformen geholl huet am Platz un der globaler Reform festzehalen? 2018 haten d'Parteien an hirem Walprogramm stoen datt den 2ten Vott géif duerch en Referendum ersat géif gin.

Kuckt Iech de Video un wou den Mars Di Bartolomeo  probéiert ze erklären wisou d'Reform vun der Verfassung an 4 Deeler opgedeelt gin ass. Wann dir deen gekuckt hutt misst der alleguer verstanen hunn datt dat esou decidéiert gin ass fir en Referendum ze ëmgoen, fir esou wéi den Mars DI Bartolomeo seet<<datt 20 Joer gudd Arbecht net fir d'Kaatz sin>>.

Esou eng Ausso kann een nëmmen machen wann een Angscht huet datt  d'Lëtzebuerger net averstanen si wann se bis opgekläert sinn wat an der neier Verfassung steet.

 

 

 




26.04.2022

Leider deelt d'Piratepartei des Info net op hirer Internetsäit. Nodeems de Marc Goergen  geschriwwen huet datt d'Piratepartei fir en Referendum ass huet hien et op sengem FB Profil gedeelt. Awer weder op hirer Internetsäit nach op hirem FB Profil ass eppes doriwwer ze liesen.

Wéisou imforméieren si hier Wieler net doriwwer? Wéisou hun Deputéiert vun de Piraten Demande vum Député initiateur Fernand Kartheiser net mat ennerschriwen fir daat 2ten Kapitel vun der Verfassungsäenerung, wann Sie jo der Iwerzeegung sin dass et muss zu engem Referendum kommen?    

 




Download
Flyer
Flyer Referendum.pdf
Adobe Acrobat Dokument 103.4 KB







Mars Di Bartolomeo 9.04.2022 RTL


<<Esou en Referendum ass rechtens an dat ass dat striktest Recht vun de Läit>>



Mir hun iech et erméiglecht datt d´Vollek eng weider Chance kritt en Referendum iwwert d´Verfassungsännerung ze kréien. Notzt elo wegl alleguer des Chance, et geet em är Zukunft an em dei vun ären Kanner. Et as wichteg dass dir och Famill a Frenn doriwer informéiert, post et op ärer FB Säit asw, well ons Medien wäerten erëm de Minimum dovun bréngen. Denkt drun dass mir de Referendum versprach kritt haten an elo Gambia an CSV naicht méi wëllen dovun wëssen.

 

Soss gëtt ëmmer op Experten gelauschtert, wisou elo net? Den Verfassungsexpert Prof. Dr. Luc Heuschling huet am Interview am Dezember 2021 bei RTL sech kloer fir den Referendum ausgeschwat. Lauschtert den ganzen Interview, dir fannt en bei Downloads.


14.03.2022

Betrëfft: Matdeelung vum Initiativkommitee fir e Referendum iwwert déi nei Verfassung

 

De  09.03.2022 gouf an der Chamber déi éischte Kéier dat drett Kapitel vun där neier Verfassung gestëmmt. Am Walkampf 2018 hate souwuel d’Majoritéitsparteie wéi och d’ADR an d’CSV de Lëtzebuerger Bierger versprach, den zweete parlamentaresche Vott iwwert de Gesamttext vun där neier Verfassung duerch e Referendum ze ersetzen. Haut fillt sech awer just nach d’ADR, ënnerstëtzt duerch d’Piraten an déi Lénk un dës Versprieche gebonnen. Trotz hiren éierlechen Intentioune verfügen dës dräi Parteien net iwwert déi néideg 16 Deputéierten,

fir d’Referendumsprozedur iwwert de Wee vun der Chamber ze lancéieren.

 

Sou wéi den Artikel 114 vun där aktueller Verfassung a seng Ausféierungsbestëmmungen am Referendumsgesetz vum 4. Februar 2005 et virgesinn, hu mir eis als politesch engagéiert Bierger an engem Initiativkommitee zesummegeschloss, fir dem Här Staatsminister eng Demande ze ënnerbreeden, fir de Start vun der Referendumsprozedur iwwert de Wee vun enger entspriechender Petitioun op de Gemengen ze lancéieren. Den 14. Mäerz 2022 hu mir him de Bréif offiziell zoukomme gelooss, an elo waarde mir gespant op seng Décisioun.


9.03.2022

Haut as dat nächsten Kapitel schon an der Chamber an den 1.Vott gangen. D'Proposition de révision vum Chapitre 2, esou wéi den bulletin de vote fann dir ennert Downloads als PDF


Download
Setz och DU des Foto op dain Profil an hellef ons dei 25000 Ennerschreften zesummen ze kreien.
Profilfoto 2503.jpg
JPG Bild 119.1 KB

2.03.2022

Vun haut un an bis den 25.03.2022 kennt dir op äer Gemeng ennerschreiwen goen an domat dozou bäidroen dass mir alleguer en Matsproocherecht kréien. Och du kanns dozou baidroen dass ons Demokratie erem gestäerkt get.



2.03.2022

Wann dir motivéiert sid an ons wellt hellefen dei 25000 Ennerschreften zesummen ze kréien kennt dir iech gären bei ons mellen.